Actualité

Avis au public - Stuerm

if Awunner vun der Gemeng Helperknapp,

Eisen Appel ass et gutt op Iech opzepassen an näischt ze riskéieren.

Dir wësst vläicht schonn, dass d'Kanner muer net mussen an d'Schoul goen. Zu Béiwen, Bëschdref, Brouch, Huelmes an Tënten gëtt en Accueil an de Schoulgebaier assuréiert.

D'Kanner sollen an deem Duerf vum Accueil profitéieren, wou si och wunnen an nit an een anert Duerf fueren. Si bleiwen och de ganzen Dag wärend de Schoulzäiten an deem Gebai. De Bus fiert viraussiichtlech den normalen Tour.

Och d'Maison Relais Tënten a Bëschdref sinn normal op (moies fir den Accueil, an der Mëttesstonn an ab 16 Auer). Gitt Äre Kanner w.e.g. ee Mëttegiesse mat, falls d'Situatioun et nët erlabe sollt fir d'Kanner an d'Maison Relais ze féieren.