Actualité

Sportleréierung 2019

Fir d’Sportleréierung kënnen ze organiséieren, maachen d’Gemeng an d’Sportkommissioun vun der Gemeng Helperknapp en Opruff un Eech alleguer, fir déi verdingeschtvoll Sportler/Equipen ze melden.

 

Am Kader vum Nationalfeierdag 2019 den 22. Juni 2019 zu Béiwen ginn all individuell Sportler an Equipen geéiert, déi an der Gemeng wunnen respektiv hire Sëtz an der Gemeng hunn an déi 2018/2019 en offiziellen, vun enger Federation unerkannten Titel kritt hunn, an Equipen déi Champion gi sinn resp, aus enger Divisioun eropgeklomm sinn !

 
Gitt Är Umeldungen w. e. g. spéitstens bis den 14 Juni 2019 op der Gemeng Helperknapp of.

Form​ulaire