Actualité

Sportleréierung 2018

Fir d’Sportleréierung kënnen ze organiséieren, maachen d’Gemeng an d’Sport-, Kultur a Fräizäitkommissioun vun der Gemeng Helperknapp en Opruff un Eech alleguer, fir déi verdingeschtvoll Sportler/Equipen ze melden.

 

Am Kader vum Nationalfeierdag 2018 den 22. Juni 2018 zu Huelmes ginn all individuell Sportler an Equipen geéiert, déi an der Gemeng wunnen respektiv hire Sëtz an der Gemeng hunn an déi 2017/2018 en offiziellen, vun enger Federation unerkannten Titel kritt hunn, an Equipen déi Champion gi sinn resp, aus enger Divisioun eropgeklomm sinn !

 
Gitt Är Umeldungen w. e. g. spéitstens bis den 17 Juni 2018 op der Gemeng Helperknapp of.

​Formulaire